:: Equipe ::

Joshi Gottlieb

joshi_gottlieb
Bei brainfood sinn ech fir den Web Design, den Tounstudio, d’Mixtapes, d’Moderatioun vun enger Rëtsch Podcastepisoden souwéi fir déi generell Organisatioun zoustänneg. Ech war, wéi sech dat fir brainfoodler gehéiert, am Eechternoacher Lycée, wou ech eng Section B (Mathe, Chimie, Physik…) iwwerlieft hunn. Elo studéieren ech Komparatistik an Philosophie un der University of Kent. A menger Fräizäit spillen ech (bal) Jazz Gittar, huelen Photoen, schreiwen Gedichter an reesen gäeren.


Stephan Polet

Stephan Polet
Wou den Joshi mech am Summer 2009 gefrot huet, bei brainfood mat ze man, war ech direkt dobäi. Hei um Site sinn ech besonnesch am Podcast-Beräich aktiv. Ech sinn zu Iechternach am Lycée (Section B) an intresséieren mech vir Konscht, Literatur an Musek. Am léifsten hunn ech Banana Split ouni Äerdbiersglace.

stephan@brainfood.lu

Cédric Kieffer

cedric kieffer
Ahoihoi, ech sinn den Cédric Kieffer an zoustänneg fir d'Filmkritiken hei op brainfood. Meng Passioun gelt also, wei onschwéier ze erroden ass, dem Medium Film - op ech elo an den Kino ginn, mer eng DVD anschmäissen, selwer zur Kamera gräifen oder aus Frust aner Filmer kritiséieren, wann et mat mengen Projeten net klappt.

Ech studeieren Film op der FH Mainz.

Niewebäi interesséieren ech mech ënnert anerem nach besonnesch fir Musek, klimperen gären op der E-Guitar oder besichen Concerten.



Jonathan Levi

jonathan_Levi
Ech sinn den klengsten brainfoodler, de Jonathan! Ech ginn zu Iechternach an den Lycée (maachen Latäin) an kommen elo op 4ème. Bäi brainfood sinn ech den Hardcore-Tweeter. Ech tweeten haaptsächlech Artikelen déi ech am Internet fonnt hunn, an der Hoffnung Debatten auszeléisen an iwwer Themen ze informéieren, déi a Podcastepisoden oder Blogartikelen op brainfood beschwat goufen!
Wat man ech den Rescht vun menger Zäit? Majo mäin Hobby (an och spéideren Beruff!) MUSEK. Ech sinn Jazz-, Funk-, a Latin-Batteur an spillen och Handpercussion.
Ausserdeem iessen ech alles wat gutt ass an sinn een hoffnungslosen Apple-Fanboy.

jonathan@brainfood.lu

Thomas Koenig

Ech schreiwen Blogposts a maachen och emol Interviews, meeschtens mat Schwéierpunkt op soziopolitesche Themen. Ech hu Philosophie studéiert (Akzent op Ethik an politescher Philosophie). Ech interesséieren mech queesch duerch de Gaart fir alles wat mer grad iwwert de Wee leeft, well ech schon ëmmer wollt verstoen, wisou d'Saachen sou sinn wei se sinn.