Film: The Dark Knight Rises | Filmkritik, Kultur, Artikel | brainfood

Film: The Dark Knight Rises

The Dark Knight Rises – Christopher Nolan (2012)

De ville Fans vum Superhero-Genre ginn dëse Summer vill Grënn zougeheit, sech virun der Sonn ze verstoppen an sech an en donkelen Kinossall ze verschanzen. Well nodeems sech d'
Avengers op der Leinwand zerklappt hunn an den Spiderman rebootet gouf, fënnt elo och den läschte Deel vum Christopher Nolan senger héichgeluewter Batman-Trilogie säin Wee an den Kino.

Dem Fliedermaus-Mënsch geet et am drëtten Deel richteg schlecht. Aacht Joer laang huet sech den Batman, deen nach ëmmer als Mäerder vum Harvey Dent verdächtegt gëtt, verstoppt. Iwwert den selwechten Zäitraum krut och keen de berühmtesten Billionär aus Gotham City ze gesinn (mol ofgesi vum Butler Alfred). An trotzdem gëtt et am ganzen Film nëmmen ee Mënsch, deen de Bruce Wayne enttarnt: e jonken Polizist, och nach just wéinst engem komeschen Gesiichtsausdrock vum Mr Wayne. Natierlech soll een sech bei Superhelden-Filmer net iwwer Logik-Fehler opreegen, mä leider stinn déi ze oft am staarken Kontrast zu dem Nolan senger typescher, serieuxer Approche.

Op där enger Säit versicht den Film seng düster, sozio- an psychologesch Déifgrennegkeet aus den Virgänger bäizebehalen, op där anerer Säit awer och d'Action aus den éischten zwee Filmer ze toppen. Déi zweet Säit resultéiert an
The Dark Knight Rises awer leider vill ze oft an Szeenen, déi entweder nëmmen schwéier ze gleewen sinn oder der Standard Blockbuster-Kascht zouzeuerdnen sinn. Begrëffer wei Blockbuster an iwwerdriwwen Action si bei Comic-Verfilmungen grondsätzlech keng Reprochen, mä et fehlt einfach un konsequenter, dramatescher Erzielung. Dem Nolan säin typeschen Batman-Pathos kennt nëmmen gezwongen riwwer.


Pasted Graphic 1


Et kann een och dësem Film den selwechten Reproche man wei dem The Dark Knight: Spéitstens déi zweet Halschent vum Film besteet just aus eenzelnen Episoden vun Terrorattacken, wou Szeenen dertëschent geschnidden ginn, an deenen di Gutt dem Béisen nolafen… och wann zum Schluss e puer Story-Elementer aus dem éischten Deel méi an manner gutt agebaut ginn.

A propos di Béis: mat weem huet den Batman et des Kéier ze dinn, nom ominéisen Joker?
Do wier mol d'Catwoman (Anne Hathaway), wat mat purem Sexappeal den wéinegen Fraenrollen soll entgéint kommen, mä schlussendlech nach méi holpreg an d'Story agebaut ass wei an
Batman Returns (d'Catwoman-Performance vum Michelle Pfeiffer gëtt souwisou net getoppt). Souguer wann den Batman ab der Mëtt vun The Dark Knight Rises bis bal zum Schluss guer keng Leinwand-Präsenz méi huet, gëtt weider näischt iwwert d'Mietzi am Liederkostüm erzielt. Mee méi Problemer kritt den Batman duerch de Bane (Tom Hardy). Schauspilleresch duerch eng Mask staark ageschränkt, schaffen et den Tom Hardy an d'Toun-Team duerch eng Nosynchronisatioun, déi bewosst akustesch schwéier ze verstoen ass, en Béisen ëmzesetzen, deen virun allem am amerikaneschen Original gutt funktionéiert.

Fir d'Fans vun den éischten zwee Nolan-Batman-Filmer wiert dësen technesch perfekten Film genee déi epesch Final sinn déi se sech erhofft hunn. Mee wat fir déi eng epesch ass, ass fir anerer duerch den repetitiven Stil an enger Lafzäit vun 165 Minutten éischter "üppeg".

- Cédric Kieffer


| zréck |

blog comments powered by Disqus