Film: Jonas | Artikel, Filmkritik | brainfood

Film: Jonas

Jonas – Robert Wilde (2012)

"Stell dir vor, es ist Schule, und du musst wieder hin." – sou den Slogan zum Film. An genau dat passéiert hei dem däitschen Allround-Talent Christian Ulmen. Wei schonns an sengem Televisiouns-Format Mein neuer Freund leet sech den Ulmen en neien Alter Ego zou: verkleet an geschminkt wei en 18-järege Schüler „ermëttelt“ en à la Günter Wallraff ënnert dem Numm Jonas sechs Wochen laang an enger däitscher Gesamtschoul, d'Kameraleit stänneg dobäi.

Sou gëtt den Jonas, deen schonn puermol duerchgefall ass an d'Gesamtschule Paul Dessau als seng läscht Chance gesäit, mam alldeeglechen Schoulwahnsinn konfrontéiert: en verzweiwelt un onsënnegen Mathe-Formulen, probéiert eng Schülerband op d'Been ze stellen an verléift sech an seng Museksproff. Dat kennen mer jo schliisslech all…

Natierlech däerf een sech bäi deem Format froen an wei fern verschidden Szeenen inszenéiert sinn – di meescht Schüler an Proffen wierken vill ze natierlech wann een d'Géigewaart vum Kamerateam bedenkt. Ënnert wei engem Virwand den Realisateur iwwerhaapt di Kameraleit an d'Schoul krut erklärt den Film och net.

Mee dobäi ass ze erwähnen dass den Ulmen sech als Jonas weider keng Méi gëtt d'Läit ze veräppelen oder offensiv kritesch Aspekter vum Educatiounswiesen ze entlarven, trotz verschiddenen schéinen subtilen Momenter (zum Beispill argumentéiert den Jonas seng Recheniwwerleeungen un der Tafel genau sou dürfteg wei säin Proff, vun deem en awer direkt kritiséiert gëtt). Dat ass net onbedingt en Kritikpunkt, et sollt een sech just bewosst sinn dass Jonas am Verglach mat engem Borat oder engem Brüno extrem brav an diskret bleift. Trotzdem: déi meescht Aussoen déi den Film meescht wieren och ouni Jonas kloer ginn andeems een einfach d'Kameraen an den Klassesäll an am Pausenhaff opgeriicht hätt.

Doduerch ass Jonas eng schonn bal charmant an nostalgesch Rees duerch d'Lycées-Zäit vun sengem Publikum, wieren do net genuch vergëften Momenter, wei zum Beispill d'Lidd "Was hat dich bloß so ruiniert" vun Die Sterne, wat sech duerch den ganzen Film zitt. Wat den lëtzebuergeschen Studentenfilm Ons Educatioun (vun Richtung 22) als iwwerspëtzten Satire entlarvt, gëtt hei niichter dokumentéiert (oder éischter mockumentéiert).

Jonas ass also en duerchaus interessanten Film, deen sech awer just un Läit riicht déi eng ähnlech Educatioun matgemaach hunn. D'Schoulwiesen wiert ëmmer déi selwecht Macken hunn, mä d'Bezéiung dozou ass an bleift eng Hassliebe. Souvill zur Ausso vum Film. Déi ass Iech ze brav? Dann sidd der hei besser zerwéiert:



- Cédric Kieffer

| zréck |
blog comments powered by Disqus