Super 8 | Artikel, Filmkritik | brainfood

Super 8

Super 8 (2011) – Regie: J. J. Abrams

Super 8 vum J. J. Abrams versteet sech als Hommage un SciFi-Genre-Filmer aus den 70er an 80er, wei een se am beschten vum Steven Spielberg kennt (Close Encounters Of The Third Kind, E.T. the Extra-Terrestrial). Ëmsou méi eng Éier ass et fir den Regisseur, den Spielberg héchstperséinlech als Produzent fir säin Projet gewonnen ze hunn.

Ohio, 1979: En Grupp vun monteren Kanner aus enger gemittlecher Klengstad wollten eigentlech just en Low-Budget Zombie-Film fir en Festival fäerdeg stellen. Bäi engem Tournage spéit an der Nuecht op enger Gare ginn se ongewollt Zeien vun engem spektakulären Zuchaccident. En Zuchaccident mat onerwaarten Konsequenzen… Extraterrestreschen Konsequenzen…

Ouni ze vill an den Detail ze goen mierkt een dass d'Grondstory deen alen Spielberg-Wierker zimlech gerecht gëtt. Iwwerhaapt sinn d'Handlungen vun Super 8 an E.T. guer net sou verschidden. Mee opgepasst: dem J.J. Abrams säin E.T. ass en gutt Stéck méi grouss…an zimlech schlecht gelaunt. Amüsant Schockmomenter ginn et der trotz dem gewollt naiven an kanneregen Charme also genuch. Weider „spielbergesch“ Charakteristiken fannen sech am Soundtrack an an der onverkennbarer Billersprooch - un sech ass den Film doduerch en Stil-Plagiat, mä mam Accord vum Groussmeeschter selwer.

Et kann een dem Super 8 reprochéieren, dass d'Dréibuch ouni grouss Iwwerraschungen auskennt. Mee dat fält engem (wann iwwerhaapt) réischt nodréiglech op. Während dem Film ginn déi richteg Mëttelen benotzt, een duerchgehend ze ënnerhalen. An enger Zäit, an där Spannung, Substanz an Story an onnéidegen Iwwerlängten, Sequels an purem Effekt-Zirkus ënnerginn, kennt en Film wei Super 8 genau richteg.

Super 8 as nämlech traditionellen Mainstream- an Popkornkino, woubäi déi Begrëffer hei net pejorativ ze verstoen sinn. E.T. phones home again!

- Cédric


| zréck |
blog comments powered by Disqus