Zen. | de Mënsch, Philo, Artikel | brainfood

Zen.

ZEN – Um Beispill vun der Téizeremonie
Oder: Sech selwer am Maachen verluer goen...

Während der japanescher Téizeremonie ass een wuel um Ufank vun deem wat do passéiert total ageholl, mat allen Sënner; souwuel als Beobachter, wie och als Zeremonienmeeschter. No joerelaanger Praxis verännert sech déi eegen Siicht, woubäi een selwer, als Uwesenden, sou eng geréng Roll anhëllt, ouni dësen Zoustand mühseeleg ervirzebréngen, sou dass d'„Maachen“ seng ur-eegenst Bedeitung erlaangt. D'Verwandelung vun „Ech maachen Téi“ gëtt zum „Den Téi mëscht sech“ oder „Den Téi gëtt gemaach“, bis letztendlech gesot kann ginn „Téi“, ouni wieder Plaz vum Ego.

Den Téiwee ass also effektiv en richtegen, vollwäertegen Wee vum Zen, mat allen inhaltlechen Sënngebungen an Inhalter. Just d'Form verännert sech. Ähnlech gesäit et aus mat dem Ikebana (dem Blummewee), dem Iaido (Wee vum Schwertzeihen) oder dem Kyudo (dem japaneschen Zen-Bouschéissen). D'Symboler spillen an all deenen Wee'er eng entscheedend Roll.
Intressant gëtt et awer elo duerch folgend Iddi: Den Wee ass net wichteg un sech, wichteg ass, dass EEN en geet. Natierlech kommen Schwieregkeeten um Wee op een zou, mä dat ass keen Zeechen vun Schwächt! Mat stoëscher Kraaft an dem Wellen ëmmer erëm weiderzegoen, an sech dobäi selwer am Wee ze verléiren, den Ego souzesoen opzeginn, ass den eigentlechen Sënn vum Zenwee. An vläicht folgend Iddi fir den Lieser: Souguer wann een deen Punkt erlaangt huet, dass een den Ego opgëtt, ass den nächsten Schratt ze mierken dass ni en Ego existéiert huet. Domadder sinn mer dann op engem Satori-moment ukomm.



- Pascal


| zréck |
blog comments powered by Disqus