brainfood - alles

mixtape | 11

blogEntryThumbnailDéi läscht mixtape fir dëst Joer. 100% biologesch.
alles gesinn...
Comments

Film: Jackass 3D

blogEntryThumbnailvum Cédric | Jackass, en kontroverst TV-Format vum Sender MTV, mellt sech no 8 Joer Paus zeréck. Dës Kéier sinn d'kënschtleresch Aktiounen ronderëm den Johnny Knoxville an seng Kollegen op der Leinwand ze bestaunen. An wei et den Trend momentan sou well, an 3D.alles gesinn...
Comments

A.A.L.

blogEntryThumbnailAstronomes Amateurs du Luxembourg. Alles doriwwer an dëser Episod.

Moderator: Stephan
Invitéë: Nicolas Feierstein

alles gesinn...
Comments

Impro Theater

blogEntryThumbnailEen outdoor Gespréich iwwert Improvisatioun Theater mam Alain Holtgen-Steffen, Schauspiller.

Moderator: Thomas
Invitéë: Alain Holtgen-Steffen

alles gesinn...
Comments

Claudine Muno

blogEntryThumbnailD’Claudine Muno ass eng Lëtzebuerger Schrëftstellerin an Musekerin. Brainfood war kuerz an säi Kapp.


Modrator: Joshi
Invité: Claudine Muno

alles gesinn...
Comments

Mëttelalter haut

blogEntryThumbnailWar d’Mëttelalter wierklech esou een däischtert Zäitalter? Wat seet den heitegen Opschwong iwwert eis aus? Ee Gespréich mat Spezialisten.

Moderator: Joshi
Invitéë: Marion Weydert, Marc Schoellen

alles gesinn...
Comments

Film: Toy Story 3

blogEntryThumbnailvum Cédric | Toy Story vun 1995 war net nëmmen deen éischten Film vun der Entreprise Pixar, mä iwwerhaapt deen éischten kompletten Kinos-Spillfilm an CGI (Den Steve Jobs, Matgrënner vun Pixar, hat domat säin éischten Succès gefeiert). Och wann d'3D-Grafiken vun deemools haut längst iwwerholl sinn, waren d'Léift zum Detail an der Animatioun revolutionär. Cleveren Humor, vill Uspillungen an Raffinessen hunn dofir gesuergt dass Toy Story net nëmmen déi Kleng ugesprach huet. alles gesinn...
Comments

mixtape | 10

blogEntryThumbnailEng kléng mixtape zum grousse Jubiläum.
alles gesinn...
Comments

Liewen mat Drogen

blogEntryThumbnailEe Gespréich mam Claude, iwwert säi Wee an ‘Drogen - an aus den Drogen.

Moderator: Thomas
Invité: Claude

alles gesinn...
Comments

Zen.

blogEntryThumbnailvum Pascal | Während der japanescher Téizeremonie ass een wuel um Ufank vun deem wat do passéiert total ageholl, mat allen Sënner; souwuel als Beobachter, wie och als Zeremonienmeeschter. No joerelaanger Praxis verännert sech déi eegen Siicht, woubäi een selwer, als Uwesenden, sou eng geréng Roll anhëllt, ouni dësen Zoustand mühseeleg ervirzebréngen, sou dass d'„Maachen“ seng ur-eegenst Bedeitung erlaangt.alles gesinn...
Comments

Govinda van Maele: Regisseur

blogEntryThumbnailEen Gespréich mam Lëtzebuerger Regisseur Govinda van Maele, iwwert Gott an d’Kamera.

Moderator: Stephan
Invité: Govinda van Maele

alles gesinn...
Comments

Film: Inception

blogEntryThumbnailvum Cédric | Den an England gebuerene Regisseur Christopher Nolan gehéiert mëttlerweil zu den ganz groussen Nimm an Hollywood. Typesch fir seng Filmer ass, dass den Nolan se ongär an genau chronologescher Reiefollege erzielt (Following, Memento) an esouguer an sengen fantasteschen an Action-Filmer den Schwéierpunkt op d'psychologesch Déifgrënn vun sengen Protagonisten leet.alles gesinn...
Comments

Tea time!

blogEntryThumbnailvum Pascal | Ween sech nach net laang mat taoisteschen oder zen-buddhisteschen Gedanken beschäftegt huet, kéint dozou verleet sinn, Sënn mat enger Zilsetzung gläichzestellen. Eist Denken ass gewinnt, sech zielgeriicht ze verhalen, eng kloer an riicht Linn ze zeien, déi sech ëmmer vun engem Ausgangspunkt zu engem Endpunkt ausdehnt, an beschtefalls raimlech, wei och zäitlech déi kierzten Distanz am iwwerdroenen Sënn ze brauchen schéngt.alles gesinn...
Comments

Fussball

blogEntryThumbnailvum Thomas | Wisou iwwerhaapt vun Fussball schwätzen? Jiddereen (oder bal) weess wat et ass, souguer déi Leit déi dat mam Abseits ni richteg verstanen hunn...De sprangende Punkt ass dass Fussball un sech e Spill ass, mä e Spill dat weltwäit Milliounen vun Leit unzitt, e Spill dat och e Marché huet deen sech a Milliounen voir Milliarden vun Euro chiffréiert, d.h., e Spill dat méi ass wei just e Spill...alles gesinn...
Comments

mixtape | 9

blogEntryThumbnailAn dëser mixtape ass alles, vun Indie iwwer Jazz bis lëtzebuergesch Chanson (an ee Sauflidd).
alles gesinn...
Comments

Martin Klein: Kinderbuchautor

blogEntryThumbnailEe perséinlechen Interview mam renoméierten Kannerbuchauteur Martin Klein.

Moderator: Joshi
Invité: Martin Klein

alles gesinn...
Comments

Multikulti

blogEntryThumbnailWat sinn Multikulti-Gesellschaften? Wou kommen se hir? An wei gesäit et an der Praxis aus? Eis bis elo recherchéiersten Podcastepisod.

Moderator: Anne, Stephan a Joshi
Invité: Robi Gottlieb, Marc Schoellen & Antwerper

alles gesinn...
Comments

mixtape | 8

blogEntryThumbnail“Ohne Musik wäre das Leben ein Irrtum.” sot deemools schon de Friedrich Nietzsche. Ohne Mixtapes wäre das Leben auch ein Irrtum, soen ech.
alles gesinn...
Comments

Film: Kick-Ass

blogEntryThumbnailvum Cédric | Adaptatioune vu Superhelden-Comics wuesse jo an de letzte Joeren ongebremst aus dem Nährbuedem Hollywood, ob elo Fantastic Four oder dee gefilltenen 53sten X-Men-Film. An bal zäitgläich mat Iron Man 2 ass elo och d'Verfilmung vun den Kick-Ass-Comics an eisen Kinoen ze gesinn. An net nëmmen Comic-Geeks wäerten hei hier Freed hunn. Well Kick-Ass trëtt dem Superhelden-Genre an aneren Klischeeë kräfteg an den A****.alles gesinn...
Comments

à la carte | 3

blogEntryThumbnailMir kruten d’Fro gestalt: “Firwat pocht dir ëmmer drop dat et esou wichteg ass nozedenken?”. Hei eisen Manifesto.

Moderator: Thomas

alles gesinn...
Comments

Wäerter...

blogEntryThumbnailvum Thomas | Därf ech meng Werter exporteieren oder imposeieren? A Frankräich as viru kuerzem d’Fro rem opgeworf gin, op een d’Undoen vun der Burqa oder dat vun dem Niqab an der Öffentlechkeet verbidden sollt oder net. Dei Fro as d’Resultat vun engem Kontakt tescht verschiddenen Kulturen, dei offensichtlech net einfach sou mateneen kennen koexisteierenalles gesinn...
Comments

mixtape | 7

blogEntryThumbnailEng Gutt-Lidder-Compilation fir zwëschenduerch. Stop your clock and lean back.

alles gesinn...
Comments

Anarchie!

blogEntryThumbnailWat ass Anarchie? Ass et méiglech? Een Interview mam Thomas Koenig.

Moderator: Joshi
Invité: Thomas Koenig

alles gesinn...
Comments

mixtape | 6

blogEntryThumbnailEng frësch Fréijors-mixtape. All shook up.

alles gesinn...
Comments

Film: Alice In Wonderland

blogEntryThumbnailvum Cédric | Tim Burton + Johnny Depp + Helena Bonham Carter + Danny Elfman + Handlung an engem fantasteschen Milieu... Eng Formule, déi schon fir vill Filmer benotzt gouf. Eigentlech kann dobäi jo net méi vill schif goen, soulaang een eppes mam Tim Burton sengem Stil ufänken kann. Mee wei vill Burton stiecht dann elo an dësem Wunderland?alles gesinn...
Comments

To be or not to be

blogEntryThumbnailTo be or not to be – that is the question. Een Interview iwwert dem Shakespeare säi Liewen, säi Wierk, an seng heiteg Bedeitung.

Moderator: Anne
Invité: Stephanie Geisen

alles gesinn...
Comments

Souvill Cliché’en!

blogEntryThumbnailvum Thomas | Viru kuerzem (den 8ten März) war erëm den Weltfraendag. Kee weess genau ëm wat et do geet (ech éierlech gesot och net, bis dass ech mol nokucken war), mais en ass anscheinend ëm den éischten Weltkrich entstanen fir fir Gläichberechtegung an Wahlrecht fir Fraen ze suergen.alles gesinn...
Comments

Gottesbeweiser

blogEntryThumbnailKann ee Gott beweisen? Eng Rees duerch fënnef verschidden Argumenter (a Géigenargumenter).

Moderator: Thomas Koenig

alles gesinn...
Comments

Film: Up In The Air

blogEntryThumbnailvum Cédric | Up In The Air ass deen drëtten Film vum Jason Reitman, engem Regisseur, deen den Public bis elo ëmmer iwwerzeegen konnt. No Thank You For Smoking an Juno widmet hien sech erëm enger Persoun, déi duerch en besonnescht Schicksal oder en besonneschen Beruff opfält. alles gesinn...
Comments

mixtape | 5

blogEntryThumbnailEng Kassette mat e bëssen haarder, bëssen traureger, a vill neier Musek. An nëmme gudder Musek.

alles gesinn...
Comments

Film: Zeiten ändern dich

blogEntryThumbnailvum Cédric | Den Bushido, ee Rapper deen säin Bekanntheetsgrad duerch gewaltverherrlechend, vulgär, fraen- an homosexuellenfeindlech Songs erreecht huet. En Rapper deen no ëffentlechen Optrëtter an Interviews op der Televisioun zu braven an deelweis interessanten Lyrics fonnt huet. En Rapper deem säin Liewen elo vum Uli Edel (Der Baader Meinhof Komplex) verfilmt gouf.alles gesinn...
Comments

à la carte | 2

blogEntryThumbnailAn dëser “à la carte” Episod, krute mir d’Fro gestalt: “ Wei kann ech wëssen op et iwwerhaapt eppes gëtt?”.

Moderator: Thomas Koenig

alles gesinn...
Comments

amuse-book | 2

blogEntryThumbnailWell d’”amuse-book” Sendungen eng Serie ass, kennt direkt dei 2. Episod: een Androck vum Roman “Der Milchmann in der Nacht”.

Invité: Marion Weydert

alles gesinn...
Comments

Film: A Serious Man

blogEntryThumbnailvum Cédric | D'Groussmeeschter vum Absurden, d'Gebridder Ethan an Joel Coen, schreiwen, produzéieren an dréien zënter 1984 zesummen Filmer. Wat stécht also elo hannert engem Coen-Film, deen sech A Serious Man nennt?alles gesinn...
Comments

amuse-book | 1

blogEntryThumbnailEis eicht Sendung aus der amuse-book Serie: d’Buchtipp Emissioun. De Roman “La double vie d’Anna Song” gëtt kuerz (an iwwerzeegend) virgestallt.

Invité: Marion Weydert

alles gesinn...
Comments

mixtape | 4

blogEntryThumbnailEch hunn eng mixtape fir dech opgeholl. Nëmme fir dech.

alles gesinn...
Comments

Den Doud - Deel 2

blogEntryThumbnailvum Thomas | D’Liewen nom Doud ass eigentlech d’Liewen nom Liewen...an d’Liewen virum Liewen ass rëm dann och Liewen...D.h. mir liewen virum Liewen an nom Liewen liewe mer nom Doud...Bon, loosse mer d’Wuertspillereien op der Säit.alles gesinn...
Comments

Auslandsjoer

blogEntryThumbnailE relax Gespréich mam Tun iwwer säi Schouljoer an de States.

Moderator: Joshi
Invité: Tun de Jong

alles gesinn...
Comments

Den Doud

blogEntryThumbnailvum Thomas | Den Doud ass dat, wat nom Liewen kennt. Wat dat genau soll sinn, weess keen sou genau. Sou ongeféier kéint een déi ganz Problematik hei resuméieren. Leider ass et rëm eng Kéier net sou einfach.alles gesinn...
Comments

Film: Avatar

blogEntryThumbnailvum Cédric | Den James Cameron mellt sech zeréck, an dat 12 Joer no sengem letzten groussen Blockbuster Titanic. An wat en dem Public dës Kéier ënnert dem Titel Avatar presentéiert, ass matt [300 Milliounen] deen deiersten produzéierten Film iwwerhaapt.alles gesinn...
Comments

Rucksak-Reesen

blogEntryThumbnail‘Dany Kahn erzielt vu sengen Abenteuerreesen an mécht een interessanten Verglach zwëschen Reesen fréier an Tourismus haut.

Moderator: Joshi
Invité: Dany Kahn

alles gesinn...
Comments