Film: Avatar | Filmkritik, Artikel | brainfood

Film: Avatar

Avatar (2009) – Regie: James Cameron

Den James Cameron mellt sech zeréck, an dat 12 Joer no sengem letzten groussen Blockbuster Titanic. An wat en dem Public dës Kéier ënnert dem Titel Avatar presentéiert, ass matt 300 Milliounen deen deiersten produzéierten Film iwwerhaapt.

Ech muss zouginn dass ech keng grouss Erwaardungen un den Film hat. Den Trailer an weider Ausschnëtter déi ech virdrun gesinn hat hun engem bizaren Schlumpfen-Videospill geglach, mat stereotypeschen Charakteren an enger Geschicht déi einfach virauszegesinn ass. Déi Virurteeler goufen zwar zum Deel bestätegt, mä en schlechten Film ass den Avatar doduerch trotzdem net.





Avatar erzielt d'Geschicht vum fiktiven Planéit Pandora, deen an der Zukunft vun den Mënschen erfuerscht gëtt fir no alternativen Ressourcen ze sichen. Dobäi treffen se op d'Naturvollek vun den Na'vi, ënnert déi sech den Ex-Marine Sully mat der Hëllef vun engem Avatar, d'Projektioun vum mënschlechen Geescht op en Na'vi-Kierper, aschleist. En léiert ëmmer méi vun hinnen, bis en sech fir eng Säit entscheeden muss...

Méi well ech op deem Punkt net zur Story verroden. Mee ween den Film kucken geet fillt sech vläit staark un Geschichten wei Winnetou oder Pocahontas erënnert. Fir déi eng eng clever Science Ficiton-Hommage, fir déi aner eng geklauten Story. D'Handlung an d'Charakteren sinn net d'Stäerkt vum Film, och wann Sujeten wei Rassismus, Ënnerdréckung an Ëmweltzerstéierung behandelt ginn.

Mee wat ze iwwerzeegen weess sinn d'Léift an d'Kreativitéit déi an den Film mat abruecht goufen, fir dem Pandora-Universum en eegent Liewen ze ginn, sief et duerch den Design vun der Botanik, den Déieren oder den Na'vi selwer. Besonnesch d'Computer-Effekter sinn dobäi grandios, wann net souguer revolutionär. Och een mat engem gudden Aen fir Effekter kann hei keen Ënnerscheet zwëschen Computer-generéierten Charakteren an reellen Biller ausmaachen. Hai ass wuel deen gréissten Deel vum Budget dropgaangen. An der 3D-Versioun wierkt dat dann natierlech nach besser, och wann déi trotz modernster Technik d'Aen ustrengen kann.

Avatar huet also seng Schwächten, bleift awer een perfekten Blockbuster, deen dem Public genial Biller an Effekter zerwéiert.

Cédric


| zréck |
blog comments powered by Disqus