Den Doud - Deel 2 | Philo, de Mënsch, Artikel | brainfood

Den Doud - Deel 2

...OCH NACH BEKANNT ALS “LE RETOUR DE LA MORT QUI TUE”

D’Liewen nom Doud ass eigentlech d’Liewen nom Liewen...an d’Liewen virum Liewen ass rëm dann och Liewen...D.h. mir liewen virum Liewen an nom Liewen liewe mer nom Doud...Bon, loosse mer d’Wuertspillereien op der Säit. 

Fir déi Leit, déi mengen, dass et e Liewen nom Doud gëtt (d.h. déi dann och drun gleewen, dass et d’Séil gëtt... ouni Séil geet et net... wann der drun gleeft dass der nom Liewen weiderlieft – wat jo un sech paradox klengt, mais Wuertspillereien zwéngen der Realitéit hiren Onsënn nëmmen op wa mer et zouloossen – dann misst der och drun gleewen, dass der eng Séil hutt... mech perséinlech berouegt de Gedanken eppes Immaterielles a mir ze hunn dat anscheinend net näischt soll sinn – ergo net inexistent ass – méi wei de Gedanken mech eng Kéier op eng irreversibel Art an Weis an Dünger ze verwandelen). 

Wisou gleeft een un d’Liewen nom Doud? Jo, déi meescht wäerten lo denken: Well et d’Liewen (dat virum Doud) méi aushaalbar mécht. Effektiv, dat spillt vill mat... mais net just dat, et gëtt dem Liewen hei och en Sënn. 

Mais trotz all dem gëtt et ganz vill verschidden Varianten vum Liewen nom Doud. Fir eiser Bildung eppes guddes ze doen gi mer dann mol op en pre-mortem-Tourismus-Trip an d’Liewen nom Liewen aka. d’Liewen nom Doud (an ier dat lo den ganzen Blog-Post laang sou weider geet, halen ech léiwer op lo vun Liewen nom Liewen ze schwätzen. Eigentlech ass den Doud jo déi Phase nom Liewen, an domat ass den Doud d’Liewen nom Stierwen...wann een bis doud ass lieft een am Doud weider...oder doud een nom Liewen? A wisou interesséiert et keen, wat mat eis passéiert, ier et eis als Mënschen gëtt, d.h. virun eiser Gebuert?)

Le menu du jour

Verschidden Leit hunn verschidden Opfaassungen vum Doud:
- déi definitiv: Wann een bis doud ass war et dat – Game Over!
- déi manner ustrengend: et existéiert een als Schiet weider (z.B. bei den Reimer, wou den Doud mat mol engem éiwegen
Schlof verglach gouf) 
- d’Weiderféierung vum Liewen: Den Doud ass am Fong en Liewen nom Liewen (dës Kéier ouni Wuertspillerei), an dat eigentlecht Liewen ass just eng Preparatioun op den Doud. Sou gëtt z.B. vun den alen Ägypter gesot, dass si am Fong just fir den Doud gelieft hunn.
- en anert Liewen: Hei gëtt et eng kloer Trennung tëscht der Welt vun de Liewegen, an der Welt vun den Doudegen. Déi zwou Welten sinn net similaire, mais ënnerscheeden sech fundamental (z.B. eis Welt, an der mer méi oder manner glécklech sinn, an dann den chrëschtlechen “Himmel” an d’”Häll”, wou mer dann absolut zefridden sinn oder fir éiweg gequält ginn.
- déi a mengen Aen am nervegsten – d’Reinkarnatioun: Kennt der dat net? Dier musst eng Übung ëmmer an ëmmer an ëmmer rëm widderhuelen...d’Idee vun der Reinkarnatioun ass et, dass d’Séil déi reincarnéiert (re = erëm eng Kéier, carne = Fleesch...chili con carne...get it?) gëtt eng Missioun huet. Si kann hiert Ziel awer net an engem Liewen erreechen. D.h. si däerf e puer mol mam Karussell fueren. Den Virdeel ass, dass een awer iergendwéi ëmmer rëm vergësst, dass een mam Karussell ënnerwee war, soss géif et verdammt nerveg ginn... a mengen Aen op alle Fall. Jiddereen weess, dass d’Buddhisten un Reinkarnatioun gleewen, an dass all Liewewiesen um Wee fir an den Nirwana (d.h. d’Verschmëlzung vun der Séil mam All) extrem oft incarneiert gëtt (deemno wei dann säin Kharma grad ass). Mais de Platon z.B. huet och un sou eppes gegleeft, eng Art Seelenwanderung. D.h. laut dem Plato gëtt et déi perfekt Welt vun den Ideeën, wou d’Séilen och fräi vun aller materiellen (mir schwätzen hei vu Matière...Kierperen!, net vu Geldsuergen!) Belaaschtung d’Wourecht kennen betruechten. Mais iergendwann gëtt d’Séil dann erëm an e Kierper incarneiert, an e Kierper besteet aus Matière, d.h. en ass korrumpeiert an manner perfekt wei d’Séil, d.h. d’Séil vergësst alles wat se kannt huet. An d’Ziel vun der Philosophie ass et dann sech d’Séil ze befreien fir rëm kennen d’Ideeën an d’Wourecht ze betruechten. Klengt belämmert? Net onbedéngt, et ass net total weltfriem, an et kann een och villes metaphoresch huelen, AN et ass schwéier op eng Distanz vun 3200 Joer ze soen wat wierklech vum Plato kennt, a wat bäigefléckt ginn ass. De Plato ass een vun den Chrëschten hiren Lieblingsphilosophen, an anscheinend sollten d’Chrëschten am Ufank och un Reinkarnatioun gegleeft hunn... Bon, lo fänken ech un an Héieresoen ze falen, wat net gutt ass. Stoppen mer also hei!


D’“Totengericht“ vun den aalen Ägypter

Ier mer lo weiderfueren (oder iwwerhaapt mol fortfueren, un sech si mer nach net wäit komm), muss ech awer nach eppes präziséieren: D’Ägypter hunn net dorun gegleeft, dass d’Liewen nom Doud besser géif ginn. Dat bedeit net, dass se fatalistesch agestallt waren, dat bedeit éischter, dass hiert Liewen hinnen sou gutt gefall huet dass se kee Besoin haten sech eng besser Welt virzestellen. Dat selwecht gëllt net vun de Chrëschten – den Himmel soll jo anscheinend eng vill besser Platz sinn wei eis Äerd...

Sou, Ladies and Gentlemen, fänke mer un a ginn mer e bëssen zréck an der Zäit, bis an eng Zäit wou et nach keng Zäit gouf (am Sënn dass nach keen drun geduecht huet d’Zäit ze zielen): D’Pré-histoire (also déi Zäit virun der Geschichtsschreiwung): Wei hunn d’Leit sech deemools den Doud virgestallt?

Thomas


| zréck |
blog comments powered by Disqus