Film: Jackass 3D | Filmkritik, Artikel | brainfood

Film: Jackass 3D

Jackass 3D (2010) – Regie: Jeff Tremaine

Jackass, en kontroverst TV-Format vum Sender MTV, mellt sech no 8 Joer Paus zeréck. Dës Kéier sinn d'kënschtleresch Aktiounen ronderëm den Johnny Knoxville an seng Kollegen op der Leinwand ze bestaunen. An wei et den Trend momentan sou well, an 3D.

Alleng den Ufank vum Film weist wei héich d'Realisateuren den Niveau gesat hunn. An enger wonnerschéiner, faarweger Billersprooch, déi duerchaus dadaistesch an surrealistesch Tendenzen opweist, verléiert sech den Public vun der Unfankssequenz un an dësem Meeschterwierk. Och den Cineast, deen der 3D-Technik géigeniwwer éischter skeptesch agestallt ass, wëscht sech während dëser Intro, an där d'Protagonisten Sandsäck an Kanounekugelen an den Bauch geschoss kréien, eng Tréin aus dem An an seet sech: Dofir gouf 3D erfonnt. Dofir gouf Kino erfonnt!

Jackass 3D ass ganz onkonventionell opgebaut, et kann een vun engem ausdrocksstaarken Episoden- an Konschtfilm schwätzen. Trotzdem ass d'Thematik erkennbar. Et geet ëm d'Selbstfindung vum Mann am 21. Jorhonnert. Wat ass en Mann nach wäert? Muss en d'Normen vun der Gesellschaft unhuelen, oder däerf en säin Géigeniwwer unpissen? Behält en säin Stolz, wann en mam ganzen Kierper an Exkrementer schwëmmt? Sollt en sech net op d'Natur zeréckbesënnen, an en Schwäin en Apel aus sengem Anus iessen loossen? Et ginn also vill komplex, mä interessant Froen gestallt an Gefiller am Public ausgeléist, och duerch d'Präsenz vun renomméierten Jackass-Acteuren an deenen hirer beispillos grandioser schauspillerescher Leeschtung. Et fillt een mat hinnen.




D'Charakteren mussen sech an der moderniséierter Gesellschaft hiren Urängscht stellen. Sief et d'Angscht virun Dixi-Toilette-Katapulten oder dem Bam Magera seng panesch Angscht virun Schlaangen (eng schéin an poetesch Referenz un den Indiana Jones an domat op d'Popkultur an d'Heldenbild vum Mann insgesamt). Bis zum Ofspaan gëtt een matgerass, an deem den Film d'Äntwert op all Froen gëtt, déi en selwer gestallt huet: déif bannendran ass all Mann nach en Kand.

Souvill Déifsennegkeet an cinematographesch Raffinessen spriechen villäicht net d'Majoritéit un, déi just fir hiren Amusement an den Kino geet. Mee Jackass 3D ass an bleift en wäertvollen Film, deen leider ze spéit erauskomm ass fir um Internationalen Filmfest zu Cannes ausgezeechent ze ginn.

Sou, „Let's cut the crap“.
Hai den Kloertext: Ween sech dësen Film undeet deen weess och genau wat en erwaart. Ween Jackass net kennt, bleift besser doheem. Wat hat den Filmkritiker vun enger serieux intellektueller Plattform wei Brainfood an desem Film verluer? Déi nächst Fro w.e.g....

- Cédric


| zréck |
blog comments powered by Disqus