Scratch one for the good guys? | Artikel, Politik | brainfood

Scratch one for the good guys?

Lo as et passeiert...erem een Diktator manner. Den Qaddafi as doud...et as um Radio gesoot gin, et wär nach net bestätegt gin ausser vum Conseil National de Transition (dem seng Aussoen net emmer glaubwürdeg waren), mais et steht schon op Wikipedia, also muss et jo stemmen, gell?

Een Diktator manner...ee Bösewicht manner. Et keint ee scho baal fier e puer Sekonne nostalgesch gin. De Saddam Hussein as ab, op eng pathetesch an lamentabel Art a Weis. Mat sengem decke Schnurri huet hien een un den trottelege Sergent Garçia vum Zorro erennert (op alle Fall deen aus den Sérien, net de Filmer mam Banderas, dei hun ech mer net ugedoen). Dobei hätt en kenne sympatesch sin, sou als Opfer vun den Amerikaner oder op manst vum Bush Jr. a senger Posse. Hätt, mais huet awer net...Völkermörder hun, trotz aller Hollywoodmeissegkeet, net d’Potential, Sympathie bei mier z’erwäschen.

De Ben Ali as ab, den Mubarak och, mais dei waren net sou bekannt wei de Saddam. Den Ben Laden huet de Läffel och ofgin, a regelmeisseg heiert een, dass rem iergend eng “tête pensante” vun Al Quaeda (klengt scho bal wei e logeschen Paradox!) emkomm as, mais iergendwei hat de Ben Laden nie den Flair vun engem Saddam oder Qaddafi. Et soll een jo net beis iwert aaner Leit schwätzen, mais et fällt mer schweier net un e Wuert ze denken, dat mat “A” unfänkt a mat “schlach” ophällt wann ech un hien denken. An ech wees och net wat ech dovun haale soll, dass hien angeblech erschoss sollt gi sin, nodems hien schon gefangen gin war. Dat as moralesch natierlech diskutabel (falls et da sou war), mais an desem Fall steiert dat mech net wierklech, op enger reng emotionaler Ebene...och wann ech net fier d’Doudesstrof sin.

Zreck zum Qaddafi, deen awer emmer rem mat schillernden Optretter fier Opmierksamkeet gesuergt huet. E war schon baal wei en Bösewicht aus engem schlechte Film, sou liicht karikatural, de prunkvollen Obermacker, deen vun bewaffneten Fra’en emgin as, deen, wann en an Europa as, Gruppe vun attraktiven Fraen alued an hinnen dann de Koran schenkt, deen am Palais de l’Élysée iwernuecht huet, mais an sengem Zelt, etc. En plus as säi Kleederstlye zimlech opfälleg, an ech froen mech, op den Monni Botox him net gehollef huet (entweder dat oder d’Natur huet et net gudd mat him gemengt, mais bon, dat as eng subjektiv Meenung).

Screen Shot 2011-10-20 at 14.47.13

Bref, vun den Optretter hier hätt een e baal kenne fier eng Rockstar huelen. Eng Art Marylin Manson ennert den Diktatoren: beis, mais awer och net ganz, sou dass een en awer sympatesch fannen kann an seng CD kaafen geht.
Mais wei beim Saddam gellt: Hätt kenne sympathesch wierken, huet et awer net. Wat eis lo mei direkt betrefft wei d’Situation a Lybien virun der Revolution as enner aanerem Lockerbie.

Screen Shot 2011-10-20 at 14.47.31

Wann een e weineg nofuerschen geet, mierkt een dann schnell, wat sech hannert der Façade vum Personnage verstoppt. Et war jo scho komesch, dass en op emol salonfäheg gin as, virun puer Joer. Dat war mer liicht suspekt, an iergendwei huet et nie richteg geklappt.

Mais mäin eischte Gedanken, wei ech dat haut heieren hun, war: “Oh, net nach een, lo geschwenn gett et jo langweileg!”. En dommen Gedanken, mais wei gesoot, Rockstaren an Hollywood-Greissten hun Sex-Appeal, iergendwei gewinnt een sech och vläit un Leit, dei een emmer an emmer erem op der Telé gesäit. Oder as et, well vläit eng Era zu Enn geht an d’Welt mei demokratesch gett an de Mensch vun Natur aus sech geint Verännerunge sträubt?

Lo mol am Eescht, domm Gedanken mis à part: Een Diktator manner as emmer eppes Positives...an ech denken, an nächster Zukunft riskeiert et eis définitiv net langweileg ze gin. Virun e puer Meint hätt ech mer nach net denke kennen, dass lo sou schnell sou vill Diktatoren ewegfueren, a wee wees wei dat mat der “Occupy Wall Street”-Bewegung weidergeht. Am Ufank haat ech geduecht, dei geif och just 2-3 Deeg daueren...lo verbréedt se sech emmer mei...

Mais lo wou de lybeschen Petrol erem mei einfach ze beschaafen as, wärt et der Wirtschaft secher erem besser goen...gell? Gell?

All Biller kommen vun Wikipedia

- Thomas


| zréck |
blog comments powered by Disqus