Vierbildlech Viergesetzter? | Politik, Artikel | brainfood

Vierbildlech Viergesetzter?

De Bill Clinton ass bal am Kader vun der Lewinsky-Affaire “impeached” ginn, den Nixon huet missen wéinst dem Watergate zrécktrieden, de Mitterand hat eng onehelech Duechter, de Schwarzenegger ass net just de Papp vun de Kanner vun senger eegener Fra, a mir dierfen eis hautdesdaags d’Fro stellen op Leit wei den DSK oder den Berlusconi iwwerhaapt eppes an der Politik verluer hunn. Déi grouss Fro ass nämlech, op Politiker mussen moralesch irreprochabel sinn!

Natierlech ass ni een ëmmer zu 100% irreprochabel; Mënsche si Mënsche, an si maache Fehler. Souguer wann ee kee Fehler mécht fënnt sech awer ëmmer ee fir ze soe, dass e Fehler begaange ginn ass.

Soit. Eng Demokratie setzt viraus, dass d’Staatsvollek weess, wat et well, an dass et sech d’Politiker wielt, déi säi Wellen dann ëmsetzen sou gutt et geet. An engem Parteien-System ass de Choix limitéiert ob déi Propose, déi d’politesch Parteien maachen. Mais eng Demokratie kann net sou fonctionnéiere wei se sollt, wann d’Staatsvollek politesch net interesséiert ass.

Am Ancien Régime huet de Kinnek (an seng Clique mat dem bloen Blutt) sech “en bon père de famille” ëm d’Wuelergoen vun sengen Untertanen gekëmmert, mä säit d’Untertanen decidéiert hunn, d’politesch Entscheedunge selwer an d’Hand ze huelen, musse se natierlech och Verantwortungen iwwerhuelen, déi se fréier net haten.

Wat ass dann awer lo, wann déi Leit, déi un der Muecht sinn, mam schlechte Beispill virginn? E Politiker ass eng ëffentlech Persoun, mä hannendrun verstoppt sech awer och e Mënsch, deen Recht op eng Privatsphäre huet.

Wann een an der Ëffentlechkeet mam schlechten Beispill firgeet, dann ass de Fall relativ kloer (Muechtmëssbrauch à la Watergate z.B.). Mä falls et dann lo passéiert, dass e Minister (oder soss ee gewielte Staatsmann) en notoresche Friemgänger ass, Drogeproblemer huet, etc., bref dass en en donkelt Geheimnis huet wei all anere Mënsch och, sollt en sech dann zréckzéie missen?

De Caesar huet seng Fra divorcéiert, well se net iwwert all Verdacht erhabe war (a well et him och grad fir seng Carrière gutt gepasst huet, sech vun hier ze trennen, dat kéint och matspillen, mä do kéint een soen, ech wär rëm subversiv!). De Machiavelli géif soen, dass et egal ass, wat de Machthabenden privat sou mécht, d’Haaptsaach wär, dass d’Vollek hien respektéiert oder wéinstens Angscht virun him huet.

Mä wat seet den opgekläerten, verantwortlechen Bierger vun enger moderner Demokratie? Däerfen déi Leit, déi eis dirigéiere, ganz ongenéiert emol hannert de Kulissen “bunga bunga” maachen, oder musse se idealerweis moralesch einwandfräi sinn? Kann ee “normalen” Mënsch der Verantwortung iwwerhaapt gerecht ginn, d’Schicksaler vun senge Matbierger ze lenken, oder muss en sech dofir net iwwert d’Mass erhiewen an Opfer bréngen fir dem Privileg vu sengem Posten gerecht ze ginn?


| zréck |
blog comments powered by Disqus