Wäerter... | Gesellschaft, Ethik, Artikel | brainfood

Wäerter...

Däerf ech meng Wäerter exportéieren oder imposéierten?

D‘Problematik

A Frankräich ass viru kuerzem d’Fro rëm opgeworf ginn, op een d’Undoen vun der Burqa oder dat vun dem Niqab an der Ëffentlechkeet verbidden sollt oder net. Dei Fro as d’Resultat vun engem Kontakt tescht verschiddenen Kulturen, dei offensichtlech net einfach sou mateneen kennen coexistéieren, wat och normalerweis éischter d’Resultat ass vun engem Mangel un Wellen an net vun engem Mangel un Kënnen. D’Geschicht weist immens vill Beispiller vun Instanzen, wou divers Kulturen oder Religiounen oder Weltanschauungen friddlech zesummen existeiert an sech gegensäiteg och beräichert hun.
Wann mer dann awer mol dovun ausginn, dass verschidden Leit Elementer vun aneren Kulturen net iwwerhuelen wëllen, mais déi un sech upassen, dann ass d’Fro, wei mer mat sou Leit sollen eenz ginn.
Säit dem 11ten September 2001 sinn den Stemmen, déi eis warnen, dass Europa islamiséiert gëtt, dass mer am gaangen sinn aus Feigheet eis kulturell Ierfschaft ze verspillen, etc., ëmmer méi haart ginn (e klengt Beispill dofir: Hurra wir kapitulieren vum Henryk M. Broder oder Der Hitler-Syndrom vum Eric Frey. Op der anerer Säit sinn och vill Stemmen, déi sech erhuewen hunn, an déi fuerderen, dass déi opgekläerte Welt rëm soll ufänken, hier Wäerter z’exportéieren (c.f. Imperium der Zukunft : Warum Europa Weltmacht werden muss vum Alan Posener). Do kann een liicht rëm an nationalistesch respektiv xenophobesch Ideeën verfalen, wann een net uecht gëtt.
Mais an dem Konflikt tëscht Weltanschauungen, an tëscht Parteien, déi net onbedéngt zesummeliewen wëllen, mais déi et, mondialisation oblige, awer maachen (missten), do freet sech dann ween decidéieren däerf weem seng Wäerter sollen wou iwwerholl solle ginn.

Wa mer et emol vun engem westeuropäeschen Standpunkt kucken, da kenne mer d’Fro sou stellen: Däerfen mir eis Wäerter (soen mer mol et handelt sech dobäi ëm d’Menschenrechter an d’Demokratie) exportéieren? Oder mussen mer Wäerter akzeptéieren, déi fundamental géint eis Wäertvirstellungen ginn, z.B. am Numm vun de Mënscherechter?

Am Fall vun der Fro vun der Toleranz vun der Burqa gëtt den Dialog jo oft als den tëscht dem Recht op Glawensfräiheet an dem Respekt vun der mënschlecher Würde gestallt, woubäi d’Burqa net direkt eppes mam Islam selwer ze dinn huet. Mier kéinten natierlech eis och Froen op mer an Numm vun der Meenungsfräiheet Meenungen, déi d’Fräiheet aschränken wëllen, akzeptéieren mussen (wei et z.B. virun nach net all ze laanger Zäit d’Fro mat Neo-Nazi-Parteien war).
Déi Fro kéint een natierlech och am familialen Kontext stellen, wann z.B. d’Elteren hier Meenung hiren Kanner imposéierten...mais leider gëtt an dem Kontext do net oft op moralesch Iwwerleeungen zréckgegraff (“vläicht kéint mäi Kand jo Recht hunn...”) mais éischter op méi primitiv Iwwerleeungen (“Soulang’s du deng Féiss ënnert mäin Dech stells, méchs du wat ech soen...”), mais do kommen mer am Fong vun der Ufanksidee fort, nämlech déi vum interweltanschaulechen Dialog.

Fir d’Fro nach eng Kéier op enger méi abstrakter Ebene ze stellen, kenne mer sech folgendermoossen formuléieren: Däerf ech meng Wäerter engem aneren imposéierten, wann ech der Iwwerzeegung sinn, dass se besser sinn wei seng, respektiv dass seng Wäerter schlecht sinn?

Argumenter contra:

Wann ech d’Menschenrechter (déi europäesch) als meng Wäerter huelen, dann däerf ech kengen imposéierten, wat en ze gleewen huet oder wat net, vu dass Glawensfräiheet jo och en Wäert fir mech ass.


Dat hei ass z.B. en Haaptargument fir den Schleier-Verbot z’incrimineieren, mais wei schon gesot, déi ganz Fro vum Schleier oder vun der Burqa, dei huet näischt mam Islam ze dinn (wei z.B. och déi héchst muslimesch Autoritéiten et ëmmer rëm widderhuelen).
Dat Argument hei ass och problematesch, wann ech z.B. mat engem Nazi diskutéieren, deen gleeft (resp. der Meenung ass), dass bestëmmten Mënschen keng Mënschen sinn, an dofir dann och däerfen ausgerott ginn. Ech denken dass an deem Fall déi wéinegst Leit nach den Nazi säin Recht op Glawensfräiheet géifen verteidegen.
Mais wisou soll dat Recht fir deen een gëllen an net fir deen aneren... D’Argument hei ass interessant, well wann een sech wierklech fir et interesséiert, da mierkt een dass e Konflikt, deen anscheinend op konfliktuellen Glawensfroen baséiert, oft guer net sou vill mat Glawen ze dinn huet... Interessant, mais doduerch awer och net determinant.

Wäerter imposéierten leeft dorop eraus, dass déi Wäerter hier Wäertegkeet verléieren, an zu enger negativer Saach verkommen.


“Conventionality is not morality” – Charlotte Brontë


Wäerter sinn effektiv eppes, wat een fräiwëlleg soll unhuelen, well een der Meenung ass, dass et eppes guddes ass. Wäerter muss een verënnerlechen, si kennen engem net unkonditionnéiert ginn. D.h. wann ech aner Leit zwéngen, meng Wäerter ze befollegen, dann passen ech hiert Behuelen vläicht un dat un, wat ech gesinn well, mais hier Iwwerzeegungen sinn doduerch awer wahrscheinlech net “konvertéiert”. Souwisou muss een sech froen, op eng Saach, déi een imposéierten muss fir dass se ugeholl gëtt, iwwerhaapt en deiweren moraleschen Wäert kann hunn.
Sou si Kanner, déi dat maachen, wat hier Elteren hinnen soen, keng “gutt” (am moraleschen Sënn vum Wuert) Kanner, mais einfach Kanner déi geleiert hunn dass et manner problematesch ass sech unzepassen wei géint de Wellen vun hiren Elteren ze goen. Moralesch gutt wär d’Behuelen vun deenen Kanner wann se sou géifen handelen, wei se et maachen, net well se et sou bäibruecht kruten, mais well se der Iwwerzeegung sinn, dass dat Behuelen gutt ass.


Argumenter pro

Meng Wäerter sinn genau souvill Wäert wei déi vun aneren Leit, dofir hunn ech genau souvill d’Recht se ze vertrieden wei aner Leit och.


Wann ech an eng Situatioun kommen, wou aner Leit mir hier Wäerter wëllen opdrängen, däerf ech mech natierlech verteidegen, wann ech der Meenung sinn, dass déi Wäerter schlecht sinn, respektiv well ech d’Recht op meng eegen Meenung hunn.
Wa mer an der Situatioun sinn, wou den Dialog méiglech ass, brauch natierlech keen iergendengem eppes z’imposeiéren (an sollt och keen dat probéieren) – wuelverstanen ënnert der Viraussetzung, dass déi eenzel Parteien och wierklech mateneen diskutéieren an net just sou maachen wei wann.
Wann awer eng Situatioun kennt, wou en Dialog net méi méiglech ass, a wou ech dem Aneren seng Handlungen net toleréieren kann (z.B. am Fall vun engem Vëlkermord), muss ech do net agräifen a meng Wäerter imposéierten?
Mier hei an Europa hunn, laut dem Hitler-Syndrom-Buch, Angscht, sou ze handelen, well mer gesinn hunn wat passéiert, wann een Mënsch sou handelt, an seng Prinzipien net grad déi etheschsten sinn (d.h. Krich, Vëlkermord, an all Nieweneffekter dovun). Mier si mëttlerweil och opgekläert genuch fir ze wëssen, dass sech hannert all Handlung nach extrem vill méi oder manner obskur Interessien verstoppen, déi net ëmmer politesch korrekt sinn (z.B. déi läscht Invasioun/Befreiung vum Irak, déi jo extrem kontrovers ass, oder d’Bombardéiereung vun zivilen Zieler am Zweeten Weltkrich duerch déi Alliéiert (D’Achsenmächte sinn z.B. net déi, déi d’Atombomm agesat hunn...mais dat ass e Fakt a keen Argument)). An dee Sënn wären hei och ganz vill Leit extrem virsiichteg, wann et drëm géif goen, dëst Argument z’akzepteiéren, vläit souguer sou virsiichteg, dass se sech léiwer aner Wäerter géifen imponéieren loossen amplaz hier Wäerter ze verteidegen.


Fazit
Et ass eng extrem heikel Fro, déi lo hei usazweis traitéiert gëtt. Et gëtt natierlech dausenden vun Nuancen an nach Dosenden vun Argumenter, déi ech lo hei net erwähnt oder behandelt hunn, an dat maachen ech och net well dat och net d’Ziel hei ass (mir wëllen Iech zum Iwwerleeën ureegen an net schon fäerdeg Gedanken mat op de Wee ginn), mais déi Leit déi et interesséiert wäerten sech schon vum selwen hier Informatiounen sichen goen oder hier Gedanken maachen.
Wat op alle Fall extrem wichteg ass, an wat effektiv an West-Europa (an net nëmmen do, mais et soll een jo am beschten net vun dem schwätzen vun dem een keng Ahnung huet) de Fall ass, ass dass vill Leit keng richteg Wäerter oder Idealer méi hunn, sou dass Leit mat aneren Weltanschauungen entweder guer net wëssen, wei se hier Wäerter mat europäeschen Wäerter kéinten dialogéieren loossen (wat dann sou opgeholl ka ginn wei wann se net wéilten dialogéieren). Wann Leit, déi eis hier Wäerter imposéierten wëllen, kann dat och sou wierken, wei wann mir schwaach wären an net fir eis Wäerter géifen astoen, resp. se net géifen verteidegen (wat och problematesch ass, wann een selwer net weess wat seng Wäerter un sech a Wierklechkeet solle sinn).

Wat een also mol misst maachen, dat ass opzehalen, sech hannert abstrakten Wäerter oder Prinzipien ze verstoppen, an sech mol ze froen, wat et ass, wat een undreift, wat engem wichteg ass, an wat engem seng Zieler sinn.
Den Sokrates sot jo, et sollt een sech selwer kennen, fir besser un sech selwer kennen ze schaffen fir sech weider z’entweckelen, an den Sun Tzu sot dat selwecht, mais bei him war d’Idee, dass wann een sech selwer kennt (an wann een säin Feind kennt), dass een dann keng Schluecht méi verléieren kann, wat am Fall vun enger Diskussioun mat onéierlechen Partneren hëllefen kann.


Eng Statue vum Sun Tzu zu Yurihama an Japan Quelle Wikipedia


Déi Selbstkenntnis muss natierlech déif goen, si muss gelieft sinn, net just iwwerflächlech bleiwen. Et muss een wëssen wat een well, sech op de Wee an Richtung vun dem Ziel maachen, an dobäi ni aus den Aan verléieren dass de Mënsch hannert de Prinzipien oder den Zieler un sech méi wichteg ass wei d’Prinzipien selwer (well wann de Mënsch sech fir seng Prinzipien opfert, ween kämpft dann nach fir déi Prinzipien? – Déi Fro ass lo rhetoresch gemengt...).
Dat ass natierlech verdammt schwéier, mais dat ass eng ideal Methode fir mol iwwerhaapt Wäerter z’entwéckelen, an fir selbstsecher genuch ze ginn fir an engem Dialog och als vollwäertegen Partner iwwerhaapt wouergeholl ze ginn. Wann een weess ween een ass, wann een weess, fir wat een asteet, a wann een dat och auslieft, dann ass een méi stabel op sengen argumentatoreschen Been, an dann huet een manner Angscht seng eegen Meenung ze vertrieden. An dat fuerdert d’Diskussioun, well oft ass Angscht un sech dat eenzegt, wat d’Leit dozou feiert, net mat aneren Leit wëllen ze diskutéieren mais hinnen wëllen hier Meenung z’imposéieren.

Bref, däerf ech engem aneren meng Wäerter imposéieren? Eng eendeiteg Äntwert gëtt et op dës Fro net, well extrem vill Detailer mussen berücksichtegt ginn. Et kann een natierlech soen, dass een dat däerf, falls dem aneren seng Wäerter verwäerflech sinn. Mais fir dann ze tranchéieren wat verwäerflech ass, an wat net, dat ass eng ganz aner Saach, déi mer lo hei och net kennen klären ouni de Kader vum Blog ze sprengen (an et ass dann emol nach ëmmer net ganz kloer, op et iwwerhaapt eng Äntwert gëtt).
Mais op alle Fall ass et wichteg, dass een schon am Virfeld probéiert, den Dialog sou wäit ewéi méiglech oprecht ze erhalen, well deen Moment wou een probéiert, eppes z’imposéieren, bedeit dat, dass d’Gesamtsituatioun wäit ewech ass vun hirem Soll-Zoustand.

- Thomas


| zréck |
blog comments powered by Disqus