Wieler-Blues | Artikel, Politik, LĂ«tzebuerg | brainfood

Wieler-Blues

D’Wahlen sti rëm virun der Dier...an et interesséiert anscheinend zur Ofwiesselung net wierklech iergendeen. Mech och net. Ech soe mer zwar ëmmer, ech misst mech méi fir d’Politik interesséieren, mais sou wierklech spannend ass et dann och erëm net. Mais bon, dës Kéier handelt et sech ëm Gemengepolitik. A Frankräich bahnt sech erëm e Politk-Skandal un dank U-Booter, illegale Wahlfinanzeierungen an Retrokommissiounen, a Japan fegt en Taifun iwwert Fukushima, dat nach ëmmer weiderstrahlt, d’Wirtschaft an d’Zukunft vun der EU hänken anscheinend vun der griechescher Wirtschaft of an de Poopst schwätzt am Bundestag während den neien Bëschof vu Lëtzebuerg behaapt, d’Kierch hätt näischt an der Politik verluer (bis viru kuerzem war d’Scheedung a Malta, dank der Amëschung vun der Kierch an d’Politik, nach illegal!), an Nordafrika an am Noen Osten ass fröhlisches Diktatorstürzen mat optionellem Biergerkrich ugesot. Bref, et gëtt e gehierlost Potential, fir dass eppes passéiert...mais et geschitt awer net sou wierklech eppes. Et knallt net...an d’Spannung klemmt, d’Waarden geet weider. Geet d’EU faillite? Wou ass de Gaddhafi?

Wann een de Radio lauschtert, an héiert, dass den Mahmoud Abbas well en onofhängegen palästinenseschen Staat vun der UNO unerkannt kréien, an den Barack Obama an den Nicolas Sarkozy awer mengen, dass dat keng Léisung ass déi Fridden garantéieren kann, dann ertappt een sech scho bal beim Gedanken, dass de Fonken dann lo awer vläit op d’Polverfaass iwerspréngt. A wann een sech bei sou Gedanken ertappt, da mierkt een emol, wei ugespaant een ass, wei “stresseg” et am Fong ass, an enger Welt ze liewen, déi während e puer Joerzéngten nëmmen e Knappdrock vum nuklearen Wanter ewech war (si mer et elo net méi?) an déi wirtschaftlech an ökologesch lues mais sécher schéngt anzegoen (an dann awer och erëm net)...an dobäi ass ee sécher net deen eenzegen. Enner anerem eis léif Matbierger, déi brong Hiemer an hiren Kleederschief verstoppen, denken sécher och sou. An Norwegen huet jo schon een sech mat engem Knall zu Wuert gemellt. An da soll een sech d’Fro stellen, op en Stadium zu Léiweng eng gescheit Léisung ass, oder op d’Bussen an Zukunft mat Rapsueleg oder mat Hydrogen solle fueren...Iergendwéi onvirstellbar, wann een déi eng Problemer mat den aneren vergläicht. A wann een sech awer net dofir motivéiert, déi Leit mat de brongen Hiemer maachen et awer...Bref, net drun denken, dass d’Stëmmung ëmmer méi elektriséiert gëtt (a vläit mat 1914 vergläichbar ass, obschonns déi wéinstens e waarmen Summer haten) ass keng Léisung. Et ass och keng Optioun dat d’Politik rëm brong gëtt...Bref...wat maachen? Rapsueleg oder Hydrogen?


Hydrogen knallt wahrscheinlech méi haart...

- Thomas


| zréck |
blog comments powered by Disqus