Film: Zeiten ändern dich | Filmkritik, Artikel | brainfood

Film: Zeiten ändern dich

Zeiten ändern dich (2010) – Regie: Uli Edel

Den Bushido, ee Rapper deen säin Bekanntheetsgrad duerch gewaltverherrlechend, vulgär, fraen- an homosexuellenfeindlech Songs erreecht huet. En Rapper deen no ëffentlechen Optrëtter an Interviews op der Televisioun zu braven an deelweis interessanten Lyrics fonnt huet. En Rapper deem säin Liewen elo vum Uli Edel (Der Baader Meinhof Komplex) verfilmt an vum Bernd Eichinger (Das Parfum, Der Name der Rose) produzéiert gouf. Et freet een sech, op en Film mat där Ënnerstëtzung iwwerhaapt néideg ass, wann et den Bushido seng Autobiographie schon gëtt. Am Kino ass dat den Moment ze gesinn.

Eng wichteg Informatioun fënnt sech an den Credits vum Film: dat ganzt ass vun der Biographie vum Bushido “inspiréiert”. Zeiten ändern dich hellt et mat den Fakten net ëmmer ganz sou eescht. Et stëmmt zwar dat den Anis Mohamed Youssef Ferchichi (dem Bushido säin richtegen Numm) an schwieregen familiären Verhältnisser opgewuess ass an seng éischt Suen mat Dealen verdéngt huet, mä gëtt awer och vill Blödsinn an Lächerlechkeeten verzaapt.

Dobäi entstinn vill ongewollt komesch Szenen. Sou vergläicht den Bushido seng verletzten Éier während enger Unhéirung mat engem "Arschgrapscher" an der Disco. Dann freet en beim Procureur un, säin Openthalt am Prisong ze tarnen, en giff offiziell just en Concert wëllen ginn. Kuerz drop gesäit een den Bushido à la Johnny Cash virun den Häftlingen ze performen. Wourecht: 0%. Trashfaktor: 110%. Sou amüsant topeg Szenen gëtt et der puer, dertëschent ass just onstrukturéiert an langweilegt Material.



Schauspilleresch ass dat ganzt och schwaach. Do verléiert sech souguer den Moritz Bleibtreu an den Uwe Ochsenknecht an Rollen, déi kengem opfalen. Just den Schauspiller deen den jonken Bushido verkierpert (Elyas M’Barek) gëtt säin Bescht, bis en vum ultra schlechten Voice-Over vun der Original-Bushido-Stemm ofgeléist gëtt. Leit, déi den Bushido schon ëmmer arrogant an iwwerhieflech fonnt hunn, ginn an dësem Film oft an hirer Meenung bestätegt. Säin musikaleschen Werdegang wierkt wei eng langweileg Niewenhandlung, genau sou wei seng Differenzen mat Aggro Berlin (am Film an Hardcore Berlin ëmbenannt). Ze lauschteren kritt een just seng sozialkritesch an lyresch Songs, keng Tracks wei Drogen, Sex, Gangbang.

Am opteschen Stil vun enger zweetrangeger Teleproduktioun ass Zeiten ändern dich eng schwaach, ongewollt komesch Biographie ginn. Doabi as den Bushido keng oninterssant Perséinlechkeet. D'Fans wäerten dem Film schon säin Succès ginn, mä vill neies ginn se leider net gewuer. Dann léiwer zu sengen CDen matsangen. Oder alternativ zum Karel Gott sengem Biene Maja Lidd, souwäit kennt et och zum Schluss vum Film.

Cédric


| zréck |
blog comments powered by Disqus